20,00 €
inkl. MwSt.
Versandkostenfrei*
Sofort lieferbar
payback
0 °P sammeln
  • Gebundenes Buch

Ganzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der zwee ganz haart Kreesch. Et sinn den Tommy an d'Annika, déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson, deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren, kuckt ganz paff op. Nach méi paff ass en, wéi e gesäit, dass d'Pippi, den Tommy an d'Annika Hand an Hand ronderëmdanzen. Si danzen a jäize sou benzeg, dass d'Plafongsluucht op de Buedem fält. Am drëtte Band vum weltberühmte Kannerbuch vum Astrid Lindgren geet fir den Tommy an d'Annika en Dram an Erfëllung: Si däerfe mam Pippi op…mehr

Produktbeschreibung
Ganzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der zwee ganz haart Kreesch. Et sinn den Tommy an d'Annika, déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson, deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren, kuckt ganz paff op. Nach méi paff ass en, wéi e gesäit, dass d'Pippi, den Tommy an d'Annika Hand an Hand ronderëmdanzen. Si danzen a jäize sou benzeg, dass d'Plafongsluucht op de Buedem fält. Am drëtte Band vum weltberühmte Kannerbuch vum Astrid Lindgren geet fir den Tommy an d'Annika en Dram an Erfëllung: Si däerfe mam Pippi op d'Kurrekurreduttinsel seegelen, wou hatt Prinzessin soll ginn. Mee an der Südséi lauere Geforen, déi hinnen an dësem Moment nach net bewosst sinn ...
Autorenporträt
D'Astrid Lindgren (1907-2002) ass déi bekanntst Kannerbuchautorin vun der Welt. Hir dräi Bicher mam "Pippi Långstrump? huet si tëscht 1945 an 1948 geschriwwen. D'Astrid Lindgren gouf ë.a. mam Friddenspräis vum däitsche Buchhandel a mam Alternativen Nobelpräis ausgezeechent. D'Melissa Westerlund-Monnet, 1988 an der Stad gebuer an zu Téiteng opgewuess, huet no hirem Bachelorstudium zu Edinburgh (Englesch Literatur a Skandinavesch Studien) eng Formatioun als Enseignante a Schweden gemaach. Si schafft selbstänneg als Dolmetscher an Iwwersetzer.